Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 500 g Miel
- 1 l Mëllech
- 6 Eeër
- 2 ZL Ueleg
- 16 Tranchen Ham
- 400 g gerappte Kéis
- Salz, Peffer
- Muskot
Instructions
- D’Eeër an enger Schossel mam Schnéibiesem oder Mixer klappen.
- Den Ueleg an d’Salz dobäimaachen.
- Dann no an no d’Miel a d’Mëllech dobäimaachen an déi ganzen Zäit réieren, fir dass keng Klompen entstinn.
- Eng Pan mat e bëssen Ueleg waarm maachen an eng kleng Louche voll Deeg an der Pan verdeelen.
- Wann de Paangech déi eng Säit gebak ass, kann e gedréint ginn.
- Da kann de Paangech, nach an der Pan, mat Ham a Kéis garnéiert ginn an no Goût mat Peffer, Salz a Mosukot gewierzt ginn.