Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 4 grouss Courgetten
- 250 g Béchs Tomaten-Passata
- 500 g Brout (am beschte Wäissbrout)
- Knuewelek
- Oergano
- Mozzarella
- Oliven
- gerappte Kéis
- Champignonen
- Ham
- Zoossiss
- Olivenueleg
- Salz, Peffer
- Sëlwerpabeier
Instructions
- Den Tomatepüree an eng Schossel maachen, Peffer, Salz an Oregano dobäiginn.
- De Knuewelek reng schneiden an dramaachen.
- Dat Ganzt 30 Min. zéie loossen, vun Zäit zu Zäit réieren.
- D’Courgette wäschen an de laange Wee a gutt 1 cm déck Scheiwe schneiden.
- Déi preparéiert Zooss op d’Courgettëscheiwe maachen an no Wonsch mat den Zutate beleeën.
- Dat Ganzt op de Grill leeën a baken, fir ze iwwerbaken einfach Sëlwerpabeier driwwerleeën.
- Datselwecht kann ee mat 2 Scheiwe Brout maachen:
- Déi preparéiert Zooss op 1 Broutscheif maachen an no Wonsch beleeën.
- Déi zweet Broutscheif dropleeën, alles a Sëlwerpabeier wéckelen a fir e puer Minutten an d’Glous leeën, vun Zäit zu Zäit dréinen. Dat geet och mat 2 Courgettëscheiwen a Sëlwerpabeier.