Notes
Tipp:
Passt gutt bei de Saumon.
Ingredients
- 4 Courgetten
- 4 ZL Ueleg
- gerappte Parmesan
- Peffer
- Salz
Instructions
- D’Courgette wäschen an an dënn Scheiwe schneiden. An enger feierfester Form Ueleg verdeelen an dono d’Courgettescheiwen dran verdeelen. Se kënnen roueg e bëssen iwwereneeleien. Dono nach e bësse Ueleg driwwer verdeelen. Mat Peffer a Salz wierzen.
- De Schäffchen op Grill astellen an d’Schossel op héijer Positioun an de Schäffche setzen. Wann d’Courgetten e bësse brong sinn, de Parmesan driwwer verdeelen. Dono nach e bëssen an de Schäffche setzen, bis de Parmesan geschmolt an e bësse brong ass.