Skip to content
Jump to recipe
Chili Con Carne
Total Time
1 hour, 15 minutes
Ingredients
- 1 kg Gehacktes (oder hallef an hallef: Rëndfleesch a Wierfele geschnidden a Gehacktes)
- 2-3 Ënnen
- 3-4 Zéiwe Knuewelek
- 1 1/2 rout Paprika
- 3 ZL Tomatepüree
- 700 g Tomaten (Stécker, Dous)
- 300 g Mais (Dous)
- +/- 500 g Kidneybounen (Dous)
- 750 ml Fleeschbritt
- Salz, Peffer
- Cayennepeffer
- Paprika
- Chilipolver (oder frësch Chilischoten)
- e bëssen Zocker
- Tabasco
- 3-4 ZL Ueleg fir unzebroden
Instructions
- D’Ënnen an de Knuewelek schielen, reng schneiden an d’Ënnen am Fett glaseg ubroden. Eraushuelen a waarm stellen.
- D’Fleesch an d’Dëppe maachen a gutt ubroden, réieren a mam Spachtel d’Gehacktes zerdeelen.
- D’Paprika botzen, a kleng Wierfele schneiden a mat den Ënnen, dem Knuewelek an d’Dëppe ginn.
- D’Tomaten aus der Dous, den Tomatepüree an d’Gewierzer (léiwer am Ufank manner an dann nowierzen) an d’Dëppe maachen a gutt réieren.
- Dat Ganzt gutt akache loossen an d’Flëssegkeet, déi verkacht, ëmmer nees duerch Britt opfëllen.
- De Mais an d’Bounen aus den Dousen huelen, gutt ofwäschen an ofdrëpse loossen. Eréischt kuerz virum Schluss an d’Dëppe ginn.