Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 6 Zéiwe Knuewelek
- 50 gIngwer (8 cm)
- 1/2 Putsch Peffermanz
- 1 Putsch Koriander
- 10 ZL Ueleg
- 2 ZL Kümmel, gemuel
- 1,5 ZL Garam Masala
- 500 g wäisse Joghurt (4 Dëppercher vun 125 g)
- 1 kg Poulet, am beschte Been a Stécker geschnidde vun 4 cm ouni Schanken oder dat Wäisst vum Poulet
- 1 Dous Tomaten (850 g)
- 2 zeideg Banannen
- 80 g Mandelen, gemuel (Backsaachen an der Epicerie)
- 150 ml Kokosmëllech ouni Zocker
- 2 TL Kurkuma
- 3 TL Tandoori Masala
- 1/2 TL Chili
Instructions
- Den Dag virdrun den Ingwer an de Knuewelek schielen a kleng schneiden. De Peffermanz an den hallwe Putsch Koriander haken. Den Knuewelek, den Ingwer, d’Kraider, 5 ZL Ueleg, 1 ZL Kümmel, 1 TL Salz an de Garam Masala mat 250 g Joghurt vermëschen.
- D’Fleesch a Wierfele schneiden, mat der Marinad eng ganz Nuecht am Frigo an enger feierfester Form marinéieren.
- Den Dag selwer den Uewen op 200 °C Umluft virhëtzen, d’Fleesch 35 bis 40 Min. broden.
- An der Tëschenzäit d’Bananne schielen an tripsen. De Rescht Ueleg, d’Tomaten, de Rescht Joghurt an d’Bananne vermëschen. Dat Ganzt opkachen an 10 Min. lues goe loossen.
- Mat de Mandelen, dem Salz an der Kokosmëllech nach eng Kéier 5 Min. lues goe loossen. Mir wierzen dat Ganzt nach eng Kéier mam Rescht Kümmel, Kurkuma, Tandoori an dem Chili.
- De Rescht frësche Koriander haken.
- Elo alles zesumme vermëschen, mat Basmatiräis zerwéieren.