Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 750 g Champignonen
- 1 grouss Ënn, kleng geschnidden
- 2 ZL Zitrounesaaft
- 3 ZL Botter
- Salz, Peffer
- 2 TL Speisestärke (Kartoffelmehl, Fécule de pomme de terre)
- 5 ZL Mëllech
- 150 g Sauerram
- 1 Putsch Péiterséileg, kleng gehaakt
- Paprikapolver
Instructions
- Esou bal d’Champignonen an dënn Scheiwe geschnidde sinn, soll een direkt Zitrounesaaft dropmaachen, well se soss brong ginn.
- D’Champignone, d’Ënnen a Botter an der Pan broden, ongeféier 10 Min. mat Salz a Peffer wierzen.
- D’Speisestärke mat der kaler Mëllech opléisen a mat de Champignone vermëschen. Dat Ganzt 2 Min. opkachen.
- D’Sauerram an de Péiterséileg dobäiginn an alles nach eng Kéier opkachen.
- Mat Paprikapolver wierzen.