Notes
Tipp:
Amplaz vun Äppel kann een och gutt ofgedrëpste Sauerkiischten, Aprikosen, Ananas … huelen.
Ingredients
- 2-3 Äppel
- 3 Eeër
- 1 Tas Vollmëllech
- 6 ZL Miel
- 3 TL Zocker
- Kanéil
- Botter a Miel fir d’Bakform anzefetten an anzestäuben
- Campinguewen-Form
Instructions
- D’Äppel schielen, de Batz eraushuelen an an dënn Schnëtze schneiden.
- D’Bakform gutt mat Botter afetten a mat Miel bestäuben.
- D’Eeër mat 2 ZL Zocker mat engem Schnéibiesem schaumeg schloen.
- D’Miel, d’Mëllech an de Kanéil virsiichteg drënnerhiewen.
- D’Halschent vum bal flëssegen Deeg an d’Form fëllen.
- D’Äppelschnëtzen doriwwer verdeelen.
- De Rescht Deeg driwwerschëdden.
- Den Oplaf mat zouenem Deckel bei mëttlerer Hëtzt 25 Min. um Gas baken.
- Dann de Rescht vum Zocker iwwer de Kuch streeën.
- Dat Ganzt nach eng Kéier fir weider 10 Min. mat zouenem Deckel baken (Stäbchenprouf maachen).
- Den Oplaf schmaacht am beschte waarm oder wootlech.
- Dat Ganzt kann een och am Campinguewen um Feier oder am Dutch Oven maachen.