Skip to content
Jump to recipe
Äppel-Mandel-Kuch
Total Time
1 hour, 20 minutes
Ingredients
- 125 g Magarine
- 1 Taass Zocker
- 3 Eeër
- 250 g Miel
- 1 Pak Bakpolver
- 1 Taass Vollmëllech
- 2 kleng Äppel (oder ee groussen)
- 50 g Mandelen, geraaspelt
- Campinguewen-Form
Instructions
- D’Magarine mam Zocker mat engem Schnéibiesem schaumeg schloen.
- No an no d’Eeër drënnerschloen.
- D’Miel, de Bakpolver d’Mëllech drënnerréieren, bis den Deeg glat ass.
- D’Äppel schielen, de Batz eraushuelen an a kleng Wierfele schneiden.
- D’Äppel an d’Halschent vun de Mandelen an den Deeg réieren.
- D’Bakform gutt mat Botter afetten a mat Miel bestäuben.
- Den Deeg an d’Form ginn, glat sträichen an de Rescht vun de Mandelen driwwer verdeelen.
- De Kuch op klenger Flam um Gas fir 60 Min. baken (Stäbcheprouf maachen).
- Dat Ganzt kann een och am Campinguewen oder am Dutch Oven um Feier maachen.