An Zitroun marinéiert Brokkoli mat Parmesan am Sëlwerpabeier
Persons
6
Prep Time
30 minutes
Cook Time
15 minutes
Total Time
45 minutes
Ingredients
- 1 Zitroun
- 2 Bouquet Brokkoli
- 1 Stéck Parmesan-Kéis
- Salz
- faarwege Peffer
- Ueleg
- Sëlwerpabeier
Instructions
- De Brokkoli vum Bouquet schneiden a wäschen.
- D’Zitroun ausdrécken.
- Den Zitrounejus iwwer d’Brokkoli ginn.
- No Goût salzen a pefferen.
- Dat Ganzt mëschen an 20 Min. zéie loossen.
- Sëlwerpabeier duebel falen.
- E bëssen Ueleg dropginn.
- E puer Stécker marinéierte Brokkoli draleeën.
- Iwwer dat Ganzt gerappte Parmesan streeën.
- De Sëlwerpabeier zoumaachen, et muss awer en Huelraum am Pak bleiwen.
- De Pak da fir ca. 15 Min. an d’Glous leeën.