Am Feier gebake Gromper mat Cheddar a Stoffi
Persons
6
Prep Time
40 minutes
Cook Time
25 minutes
Total Time
1 hour, 5 minutes
Ingredients
- 6 déck Gromperen (oder 12 mëttelgrousser)
- 6 Tranchen Cheddar-Kéis
- 500 g Sauerram
- 1 Putsch frësch Bratzelen (oder gedréchent Bratzelen)
- Salz, Peffer
- Sëlwerpabeier
Instructions
- Fir de Stoffi:
- D’Sauerram an eng Schossel maachen.
- D’Bratzelen kleng schneiden a bei d’Sauerram ginn.
- No Goût pefferen a salzen.
- Dat Ganzt gutt duerchmëschen an 30 Min. am Frigo zéie loossen.
- D’Grompere wäschen an am Salzwaasser virquellen.
- Duerno déi nach waarm Gromperen der Längt no opschneiden.
- Eng Tranche Cheddar tëscht all Gromper leeën.
- Dat Ganzt a Sëlwerpabeier awéckelen a fir ca. 10-15 Min. an d’Glous leeën.
- D’Gromperen aus dem Feier huelen a mat engem gudde Flapp Stoffi genéissen.