De Feierwon

      C                 G
l. De Feierwon, deen as bereet,
               G7               C
e päift duurch d’Loft a fort et geet,
            F     G7            C
am Dauschen iwwer d'Strooss vun Eisen,
   F        C         G7    C
an hie geet stolz den Noper weisen,
     G
datt mir nun och de Wee hu fond
    D7                  G G7
zum éiweg grousse Vëlkerbond.

     C                                  G
Ref: Kommt dier aus Frankräich, België, Preisen,
           G7               C
mir wëllen iech eis Hemecht weisen!
  C           F    G7     C            G    G7       C
/:Frot dir no alle Säiten hin, wéi mir esou zefridde sin! :/ 2x

2. Mir hale fest un eiser Scholl,
vu Léift fir d'Land sin d’Häerzer voll;
wa mir och keng Milliounen zielen,
dir gët eis uechter d'Welt ze wielen,
mir ruffen all, aus engem Monn:!
"Kee bessert Land beschéngt jo d'Sonn!"

3. D‘'Natur déi laacht eis iwwerall,
si rëscht de Biereg an den Dall
mat Fielse wéi gewalteg Risen,
street Blummen iwwer Gaart a Wisen,
kee Këppchen Äerd, wou Halm a Räis
nët riede vun deem eise Fläiss.

Ref: Kommt hier aus Frankräich, België, Preisen,
mir kënnen iech eis Hemecht weisen!
Frot dir no alle Säiten hin: "Mir wëlle bleiwen, wat mir sin!"
Frot dir no alle Säiten hin: "Mir wëlle bleiwen, wat mir sin!"