Fei Leit gin zu Fouss (Kassette Scoutslidder FNEL&LGS 1989)
Mir wëlle selwer sichen,
wourëms et eis am Liewe geet.
Amplaz eis ze bekrichen,
ziele mir op Mënschlechkeet.
Mir laachen a mir sangen,
dat bréngt eis alleguer méi wäit,
mir schaffen a mir plangen
well eis all vill um Fridde läit.
A mir sichen eise Wee,
Dag fir Dag en neie Wee,
an dës Weeër feieren alleguer
ons Scouten an d’Natur.
Et sinn d’Steng an et sinn d’Beem,
déi erfëllen all eis Dreem,
a si weisen eis, dee richtege Wee
Ons Scoute kenn dir fannen
wou d’Léit all schaffen Hand an Hand.
Fir d’Zukunft ze gewannen,
Si mir eis eens vu Land zu Land.
Een un deen aneren denken,
dat ass wat eis zesummen hält,
‘t ass Zäit fir unzefänken,
mat enger neier schéiner Welt.