Fei Leit gin zu Fouss (Kassette Scoutslidder FNEL&LGS 1989)
Lauschter wat de Wollef seet,
Jap jahu, wann et däischter gët,
a wann all Mënsch op den Zéiwe geet,
Lauschter gutt a vergiess et nët, hau, hau hau
Laf an der Sonn a laf am Reen,
well d’WElt as all Dag nei fir dech,
an du solls dech un Alles freën,
d’ganz Welt as do fir dech a mech, hau hau
Lauschter dir nët selwer no,
Jap jahu, span d’Oueren op, Well all Dag as eppes Neies do,
Dong gutt uecht, Wëllefcher, do drop!
San an der Sonn a sang wann et reent,
Am Bësch do schaalt déng Stëmm esou schéin
Sang oder haul, ‘t as alles eent,
‘t as ganz egal mat wat fir Téin.
Maach däi Bescht, dat as scho vill,
Jap jahu, a mat Chic a Freed,
A sief et am Eescht oder sief et am Spill,
Dat as wat iech de Wollef seet.
Danz an der Sonn an danz am Reen,
Danz mat den Déieren an dem Bësch,
A schwenk déng Ärm a schwenk déng Been,
Da bleifs du ëmmer flénk a frësch.