Mini Capture the flag

Material:

  • 2 „Fändelen“ (Bengel mat Stofffatz oder Duch)
  • Seeler oder Kräid fir d’Zonen ze markéieren

Unzuel u Spiller: minimum 8

D’Spiller ginn an 2 Gruppen agedeelt. Den Terrain besteet aus 2 gläich groussen Deeler mat enger Mëttellinn dertëscht. An all Deel gëtt et 2 Kreesser. An engem Krees (Basis) gëtt de Fändel an de Buedem gestach. Den anere Krees ass de Prisong. D’Ziel vun den Equippen ass et, dem Géigner säin Fändel an déi eege Basis ze bréngen an awer och den eegene Fändel ze verdeedegen. Befënnt een sech am Géigner sengem Feld kann een vun engem Géigner ofgeklappt ginn. An deem Fall muss een an de Prisong goen. Befreit kann een vun hei ginn andeems ee Spiller aus der eegener Equippe een ofklappt. Befënnt een sech am Géigner senger Basis däerf een net ofgeklappt ginn. De Fändel däerf net geschoss ginn. Huet een de Fändel an déi eege Basis bruecht kritt Equippe ee Punkt.

Matériel:
– 2 „drapeaux“ ( bâton avec un morceau de tissu ou une serviette)
– corde ou craie pour délimiter les zones
Nombre de joueurs : au moins 8

Les joueurs sont divisés en 2 groupes. Le terrain se compose de 2 parties séparées par une ligne. Dans chaque partie, il y a 2 cercles. Dans un cercle (base) il y a le drapeau, l’autre cercle représente la prison. Le but du jeu est de voler le drapeau de l’autre équipe et de le ramener dans sa propre base. Si un joueur se trouve dans le terrain de l’adversaire, il peut être attrapé par celui-ci. Il doit alors aller à la prison. Pour en être libéré, un membre de son équipe doit le toucher. Si on se trouve dans la base de l’adversaire, on ne peut pas être attrapé. Le drapeau ne peut pas être lancé. Si le drapeau est ramené dans l’autre base, l’équipe a un point.