Material: /
Unzuel u Spiller: minimum 8
D’Spiller stellen sech an ee Krees. Eng Persoun geet an d’Mëtt vum Krees. Et ginn verschidde Beweegungen definéiert, déi jeeweils zu 3 Persounen mussen ausgefouert ginn. Am Ufank fänkt een am einfachsten mat 3 méigleche Beweegungen un. No an no kënne méi Beweegungen bäikommen. D’Persoun an der Mëtt wéisst elo op eng Persoun am Krees an nennt eng Beweegung. Déi genannte Persoun an hier 2 Noperen mussen elo séier d’Beweegung richteg duerstellen. Ween e Feeler mécht wiesselt mat der Persoun an der Mëtt.
Méiglech Beweegungen:
| Beweegung | lénks | Mëtt | riets |
| Elefant | En Ouer vum Elefant duerstellen | e Rüssel mat den Äerm duerstellen | En Ouer vum Elefant duerstellen |
| Afen | Hänn op Mond (seet näischt) | Hänn op Oueren (héiert näischt) | Hänn op Aen (gesäit näischt) |
| Palm | Mat den Äerm Palmblieder nomachen déi no bausse wedelen. | D’Äerm an d’Lucht strecken fir de Stamm duerzestellen. | Mat den Äerm Palmblieder nomachen déi no bausse wedelen. |
| Int | Wackelt mam Hënner | Schniewel mat den Hänn duerstellen | Wackelt mam Hënner |
| Toaster | Dem rietsen Noper d’Hänn ronderëm de mëttlere Spiller ginn. | Erop an erof sprangen | Dem lenken Noper d’Hänn ronderëm de mëttlere Spiller ginn. |
| Fësch | Eng Floss duerstellen | De Mond ronn op an zou maachen | Eng Floss duerstellen |
| Mixer | sech ronderëm sech selwer dréien | Äerm an Luucht, eng Hand iwwer all Noper | sech ronderëm sech selwer dréien |
Tipp:
Hei sinn der Fantasie keng Grenze gesat fir nei Beweegungen ze erfannen.
|
Nombre de joueurs: au moins 8 |
