Material: /
Spiller: mindestens 10
D’Spiller ginn an 2 Gruppen agedeelt. All Grupp stellt sech niewenteneen an eng Rei an d’Spiller ginn sech d’Hand. D’Gruppen stinn vis-a-vis vuneneen mat engem Ofstand vun ongeféier 15 Meter. Eng Grupp start a schéckt een vun senge Spiller an den Ugrëff. Dëst heescht, dass dëse Spiller op dem Géigner seng „Mauer“, also Rei duerleeft a probéiert, op enger Platz d’Hänn vun 2 Spiller ze duerchtrennen andeems een fest duerchleeft. Geléngt dëst him, däerf hien een vun den 2 Spiller wou en duerchgelaf ass mat an seng Grupp huelen. Geléngt et him net, muss de Spiller an der géignerescher Grupp bleiwen. Elo ass et un där anerer Grupp unzegräifen.
| Matériel: / Joueurs: au moins 10 Les joueurs sont divisés en 2 groupes. Chaque groupe se tient côte à côte dans une rangée et les joueurs se serrent la main. Les groupes se font face à une distance d’environ 15 mètres. Un groupe démarre et envoie un de ses joueurs attaquer. Cela signifie que ce joueur s’approche du «mur» de l’adversaire, c’est-à-dire la ligne, et essaie de partager les mains de deux joueurs en un seul endroit en passant à travers. S’il réussit, il peut prendre l’un des 2 joueurs qu’il a croisés dans son groupe. A défaut, le joueur doit rester dans le groupe adverse. Il est maintenant temps d’attaquer pour l’autre groupe. |