Material: 1 Foulard oder ähnleches
Spiller: mindestens 6
D’Spiller sëtzen sech an e Krees. Een Spiller ass de Fuuss a geet ronderëm de Krees. D’Spiller am Krees maachen d’Aen zou a sangen dëst Lidd: „Schau nicht um der Fuchs geht um, trägt sein Säcklein mit herum, weiß nicht wem es geben soll, gibt es seinem Gesellen, der ihm näher, der ihm näher, Fuchs schau um.“ Wärend dëser Zäit geet de Fuuss ronderëm de Krees an leet onopfälleg engem Spiller de Foulard hannert de Réck. Um Schluss vum Lidd dréien d’Spiller sech all em a kucken, wien de Foulard krut. Dëse Spiller steet op e probéiert, de Fuuss ze fänken, ier dësen de Wee um Fänkert seng Platz am Krees ka fannen. Gett de Fuuss gefaangen, kënnt hien als Strof an d’Mëtt vum Krees bis den nächste Fuuss gefaange gëtt. Elo geet dat Kand wat grad ausgewielt gouf als neie Fuuss ronderëm de Krees.