| Material: / Spiller: mindestens 4 D’Spiller bilden e Krees a leen jeeweils hier riets Hand op hirem rietsen Noper seng lénks Hand. Ee Startspiller gëtt definéiert. D’Spiller sangen elo dëst Lidd: „Een Elefant dee schaukelt sech, op engem riese, riese, riese, riese Spannennetz an hie fënnt dëst klengt Spill, wierklech amusant an dofir BA – DA -BUM.“ Wärend dëser Zäit geet e Klappen duerch de Krees. Ëmmer een Spiller schléit dem nächsten am Krees mat der rietser Hand op deem seng riets Hand. Beim läschte Bum däerf den „attackéierte“ Spiller seng Hand kuerz virum Schlag wegzeien. Geléngt him dëst, ass de Spiller virdrun eliminéiert. Geléngt et dem Spiller virdrun den Bum ze treffen, ass de getraffene Spiller eliminéiert. De Krees gëtt esou ëmmer méi kleng. Wa just nach 2 Spiller iwwreg sinn, ginn déi sech déi riets Hand. Si dréinen des lo wärend dem Sangen hin an hier, sou dass ofwiesselend deem engen an deem aneren seng Hand uewen leit. Fir de läschte Bum, muss de Spiller deem seng Hand ënne leit benotzen, fir dem anere Spiller seng Hand vun uewen ze treffen. Geléngt em dëst, gewënnt en d’Spill. Geléngt et net, gewënnt den anere Spiller. Matériel: / Joueurs: au moins 4 Les joueurs forment un cercle, plaçant leur main droite sur la main gauche de leur voisin droit. Un premier joueur est défini. Les joueurs chantent maintenant cette chanson: “Un éléphant se balançait sur une toile, toile, toile, toile d’araignée, et il trouve ce jeu, tellement, tellement amusant et donc on dit BA – DA -BUM.” Chaque joueur frappe le suivant dans le cercle avec sa main droite sur sa main droite. Lors du dernier Bum, le joueur “attaqué” peut retirer sa main peu de temps avant le coup. S’il y parvient, le joueur attaquant est éliminé Si le joueur réussit à frapper la main, le joueur touché est éliminé. Le cercle devient de plus en plus petit. S’il ne reste plus que 2 joueurs, ils se donnent la main droite. Ils tournent maintenant leurs mains tout en chantant, de sorte qu’une main alterne avec l’autre. Pour le dernier « Bum », le joueur doit placer sa main en bas pour frapper la main de l’autre joueur par le haut. Réussissant à cela, il gagne la partie. À défaut, l’autre joueur gagne. |