Ninja

Material: /
Spiller: mindestens 4
D’Spiller stellen sech enk an engem Krees op. No engem Startsignal sprange si no hannen (aus dem Krees) mat engem “Ninja-Gejäiz” a bleiwen an enger Ninja-Pose. E Spiller fänkt un a probéiert an enger Beweegung mat senger Hand d’Handfläch vun engem anere Spiller ze schloen (normalerweis, awer net onbedéngt, ee vu sengen Noperen). Wann him en Treffer geléngt, hëlt de Spiller deen getraff gëtt seng Hand aus dem Spill (hie leet se op de Réck). Natierlech kann de Verdeedeger seng Hand an der Zäit mat enger Beweegung wechzéien an esou den Treffer verhënneren. Et ass wichteg fir den Ugräifer eng kontinuéierlech Beweegung ze maachen ouni d’Richtung z’änneren an net der Beweegung vum Verdeedeger “nozegoen”. Nom Schlag bleiwe béid Spiller (Ugräifer a Verdeedeger) an der Positioun déi se fir d’lescht ugeholl hunn. Dann ass et den Tour vum nächste Spiller am Tour (am Auerzäresënn). Wann e Spiller zwou Hänn verluer huet, ass hien aus dem Spill a verléisst d’Spillplaz. D’Zil vun all Spiller ass natierlech de leschte Spiller um Terrain ze bleiwen.      

Matériel: /
Joueurs:  au moins 4
 
Les joueurs se placent en cercle. Après un signal de départ, ils sautent en arrière (hors du cercle) avec un “cri de ninja” et restent dans une pose de ninja. Un joueur commence et essaie de frapper la paume de la main d’un autre joueur à l’aide de sa main (généralement, mais pas nécessairement, l’un de ses voisins). S’il la touche, le joueur touché retire sa main du jeu (il la pose sur le dos). Bien entendu, le défenseur peut déplacer sa main à l’aide d’un mouvement et ainsi empêcher le coup. Il est important pour l’attaquant de faire un mouvement continu sans changer de direction et de ne pas “suivre” le mouvement du défenseur. Après le coup, les deux joueurs (attaquants et défenseurs) restent dans la dernière position qu’ils ont prise. Ensuite, c’est au tour du joueur suivant du tour (dans le sens des aiguilles d’une montre). Si un joueur perd deux mains, il est hors du jeu et quitte le terrain.
 
Le but de chaque joueur est bien entendu de rester le dernier joueur sur le terrain.