| Material: Froen, evt Pärelen an Becheren Spiller: egal Et ginn 3 Platzen definéiert, zB 3 rechteckeg Felder niewenteneen oder 3 Beem. Dës stinn fir d’Zuelen, 1, 2 an 3. D’Kanner kréien elo eng Fro gestallt an 3 méiglech Äntwerte genannt. Si mussen elo op déi Platz lafen, déi zur Nummer vun der Äntwert passt, déi si als richteg vermutten. Steet all Spiller bei enger Nummer, gëtt d’Fro opgeléist. All Spiller deen op der richteger Platz stoung kritt ee Punkt. Dës kann een zB duerch eng Pärel déi een an e Becher kritt symboliséieren. Matériel: questions, évt. perles et gobelets Joueurs: peu importe 3 endroits sont définis, par exemple 3 terrains rectangulaires les uns à côté des autres ou 3 arbres. Ce sont les numéros 1, 2 et 3. Une question est maintenant posée aux enfants et on leur donne 3 réponses possibles. Ils doivent courir à l’endroit qui correspond au numéro de la réponse qu’ils soupçonnent d’être correcte. Si chaque joueur se trouve près d’un numéro, la question est résolue. Chaque joueur au bon endroit obtient un point. Cela peut être symbolisé, par exemple, par une perle obtenue dans une tasse. Beispillfroen fir Beaver: Wou wunnen Beaver? 1. am Damm 2. an der Buerg 3. an enger Hütt Wisou bauen Beaver en Damm? 1. fir dran ze wunnen 2. fir hiren Terrain ofzegrenzen 3. fir Waaser ze stauen Wei schweier ass en Beaver ongefeier? 1. Souvill wei 1 Kand (17 -35 kg) 2. Souvill wei 5 Kanner 3. Souvill wei 10 Kanner · Wei ass d’Beaverdevise? 1. Deelen, deelen, deelen 2. Emmer frendlech sin 3. Emmer hellefen · Wou gin et iwerall Scouten? 1. Just zu Letzebuerg 2. An ganz Europa 3. Op der ganzer Welt · Ween huet Scouten erfont? 1. Den PB 2. Den BP 3. Den TP · Weilang gett et elo schon Scouten? 1. Iwer 1000 Joer 2. Iwer 100 Joer 3. Seit 10 Joer · Wei heescht eisen Scoutsgrupp? 1. … · Wei heescht dem Bibu seng Fra? 1. Jolly 2. Reebou 3. Blupp · Wisou heescht den Pap vun der Menschenfamill Hawky? 1. Well en Hoer huet wei en Fuss 2. Well en Aen huet wei en Adler 3. Well en sou seier leeft wei en Leopard · Wei heeschen Zwillingskanner vun der Beaverfamill? 1. Mimi an Lili 2. Grimi an Benny 3. Grigri an Barry · D’Eil heescht 1. Malac 2. Tic Tac 3. Foxy · En Beaver esst 1. Vill Fleesch 2. Vill Fesch 3. Keen Fleesch an keen Fesch mee just Baumrinden, Planzen etc |