
Kaart mat permanente Camps
International Fun Facts
Iwwer 50 Millioune WOSM Membere weltwäit.
216 Länner just 5 Länner hunn keng Scouten, Kuba, Nord Korea, Laos, Andorra, Vatikan Staadt.
· Kuba hat “Asociación de Scouts de Cuba” vun 1927 bis 1961 mee et gouf verbannt vun den Kommunisten an ersat duerch “José Martí Pioneer Organization”, déi net vun WOSM unerkannt gouf.
· Nord Korea hat och eng “Korea Scout Association” vun 1922 bis 1950 déi gouf och verbannt vun den Kommunisten an ersat duerch “Korean Children’s Union”, och genannt the “Young Pioneer Corps”. Dës gouf och net vun WOSM unerkannt.
· Laos hat och “Scouts Lao” vun 1959 bis 1975, déi och verbannt vun den Kommunisten verbannt goufen.
· Andorra hat och “Scouts d’Andorra” mee déi sinn 1980 inaktiv ginn., Haut ginn déi meescht vun do entweeder a Frankräich oder Spuenien
· Am Vatican Staat wunnen einfach ze wéineg Leit fir do Scouten op ze maachen.
Indonesien huet déi meeschte Scouten.
Malta hat déi éischt Scoutsgrupp ausserhalb vun der UK.
Et gi sechs WOSM Regiounen, Afrika, Arabien, Asia-Pazifik, Eurasia, Europa an Interamerika Scoutsregion, déi eng Regional Scouts Conferance all dräi Joer hunn.
Modellversammlung International


