Local Tourists – Vu Süd bis Nord

Eis Schong déi si gestréckt,
De Rucksak ass gepak, 
No vir geet eise Bléck,
De Wee, deen ass nach laang.

Mir kucken eis nach emol an d’Aen,
Ier mir endlech wéiderzéien.
Eise Wëlle brennt wéi eng Flam,
A mir gi fort ouni eis emzedréine.

Mir setzen ee Fouss vrun deen aneren, 
Mir kënnen net méi zeréck.
An och wa mir heiansdo verlaangeren,
No laang vergaangenem Gléck.

Och wann de Wee heiansdo mol schwiereg ass, 
An ‘s de d’Säitestieche spiers,
Weess de awer och dass de lieweg bass,
An dass de no eppes striefs.

Mir gi lo fort,
Äddi a bis geschwënn,

Vu Süd bis Nord,
Bleiwe mir awer Frënn.

Mir gi lo Heem,
Merci fir déi Schéin Zäit,
Duerch d’Sonn an duerch de Reen,
Bis ee sech erëmgesäit.


Doheem do wart deng Mamm,
An och däi Papp.
Si maachen dir d’Wäsch an, 
Du hinnen een décke Kapp.
Ziel hinne vun de Scouten, 
Wat’s du erlieft hues a gesinn,
Mir sinn zwar keng Astronauten, 
Mee mir sinn zimlech no drun.

Mir gi lo fort,
Äddi a bis geschwënn,

Vu Süd bis Nord,
Bleiwe mir awer Frënn.

Mir gi lo Heem,
Merci fir déi Schéin Zäit,
Duerch d’Sonn an duerch de Reen,
Bis ee sech erëmgesäit.

Oh, oh, oh, oh
Bis mir ons erëmgesinn.

Mir gi lo fort,
Äddi a bis geschwënn,

Vu Süd bis Nord,
Bleiwe mir awer Frënn.

Mir gi lo Heem,
Merci fir déi Schéin Zäit,
Duerch d’Sonn an duerch de Reen,
Bis ee sech erëmgesäit.

Mir gi lo fort,
Äddi a bis geschwënn,
Vu Süd bis Nord,
Bleiwe mir awer Frënn.

Mir gi lo Heem,
Merci fir déi Schéin Zäit,
Duerch d’Sonn an duerch de Reen,
Bis ee sech erëmgesäit.