Säit 1993 gehéiert de Misärshaff der FNEL a säit 2003 ass En der FNEL hieren Formatiounszenter.
De Misärshaff ass och een ekologesche Referenz-ZentruM. Eng Planzen-Kläranlag, Solarzellen, extensiv Bewirtschaftung vun de Gréngflächen, d’Ecocabane di autark ka funktionnéieren, ëmweltfrëndlech Gestioun vum Haus, Ëmwelterzéiung vun onse Scouten a villes mei sinn Zeie vun eisem ekologeschen Engagement.
De Misärshaff huet de Label SCENES (Centre scout d’excellence pour la nature et l’environnement) vun der OMMS (Organisation Mondiale des Mouvements Scouts), de Label vun der Superdreckskëscht an den Ecolabel vum Ministère de l’Economie. Den Enovospräis ass eng weider Unerkennung vun der FNEL hierem Engagement um Misärshaff.