Notes
Tipp:
Amplaz vum Muffindeeg kann een och Browniedeeg oder Kanéilschnecken an d’Orangë maachen.
Ingredients
- 6 Orangen
- 15 g Botter
- 40 g schwaarze Schockela
- 100 g Miel
- 1 TL Bakpolver
- 2 geheeften ZL Kakaopudder
- 50 g Zocker
- 1/2 Pak Vanillzocker
- 100 ml Vollmëllech
- 1 Ee
Instructions
- De Botter schmëlzen an an eng Schossel ginn.
- D’Mëllech, d’Eeër an de Botter verquirlen.
- An enger zweeter Schossel d’Miel, de Kakaopudder, de Bakpolver, den Zocker an de Vanillzocker vermëschen.
- D’Miel-Kakao-Gemësch lues ënner d’Eeërmass hiewen.
- De Schockela mat engem schaarfe Messer a kleng Splitter schneiden an an den Deeg réieren.
- D’Orangë kréien den Deckel erofgeschnidden a gi mat engem Kaffisläffel ausgehielegt.
- Mam Fruchtfleesch gëtt frësche Jus gemaach.
- D’Orangë gi bis zur Halschent mat Deeg gefëllt.
- Den Deckel drop gemaach an an duebele Sëlwerpabeier agewéckelt (iwwer dem Muffin muss en Huelraum bleiwen, fir dass den Deeg kann opgoen).
- 15-25 Min. an d’Glous leeën.
- Tëschenduerch kann ee mat engem dënne Spiiss testen, ob de Muffin duerch ass.
- Alternativ a méi einfach: Déi gefëllten Orangen op de Grill leeën a just mat Sëlwerpabeier zoudecken.