Notes
Tipp:
Fir en anere Goût ze kréien, kann een och nach an den Deeg maachen:
Geriwwe Schuel vun enger onbehandelter Zitroun oder Orange, Schokodrops, Korinthen, kandéiert Friichten, Kanéil, Kakaopudder …
Ingredients
- 180 g Miel
- e bësse Miel fir d’Dousen auszepudderen
- 10 g Zocker
- 3 TL Bakpolver
- 3 Pouze Salz
- 60 g mëlle Botter
- e bësse Botter fir d’Dousen anzefetten
- 180 ml Vollmëllech
- 3 Eeër
- 2 Pal Vanillzocker
- Sëlwerpabeier
Instructions
- Vun de Konservendousen, déi bannen net plastifizéiert sinn!!!, den Deckel an de Bueden erausschneiden. Am beschte mat engem Béchsenëffner, deen de Rand vun der Béchs mat erofschneit.
- D’Konservendousen auswäschen an dréchnen.
- D’Halschent vun der Mëllech mat den Eeër verquirlen. De Rescht vun den Zutaten zu engem Deeg réieren.
- D’Eeërmass drënnerréieren.
- D’Konservendouse bausse mat Sëlwerpabeier akleeden, sou dass d’Béchs erëm e Buedem kritt (am beschten 2 Loen).
- D’Douse mat Botter oder Bakfett afetten a mat Miel apudderen (op d’Fangeren oppassen).
- D’Béchse bis zu Halschent mat Deeg fëllen an an d’Glous stellen (alternative am Uewe bei 170 °C Ober- und Unterhitze)
- No 20-30 Min. misst de Kuch gutt sinn.
- D’Stäbcheprouf maachen: En dënnen Holzspiiss an de Kuch stiechen, wa beim Erauszéie keen Deeg méi dru pecht, ass de Kuch fäerdeg gebak.