Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 500 g Brout (am beschte Wäissbrout)
- 12 Tranchë gekachten Ham
- 24 Tranchë Kéis
- Botter
- 1 Dous Ananas (fir een Toast Hawaii)
Instructions
- Op déiselwecht Manéier wéi d’Broutpizza kann een och e Croque-Monsieur maachen:
- D’Broutscheiwe kuerz iwwer dem Feier toasten.
- Déi 2 getoaste Broutscheiwe op enger Säit mat Botter beasträichen.
- Op der Bottersäit vun der éischter Kuuscht kënnt dann 1 Tranche Kéis, 1 Tranche Ham an zum Schluss erëm eng Tranche Kéis.
- Déi zweet Kuuscht mat der Bottersäit no ënnen drop, alles a Sëlwerpabeier wéckelen a fir e puer Minutten an d’Glous leeën, vun Zäit zu Zäit dréinen.
- Fir een Toast Hawaii leeë mer nach just eng Tranche Ananas dotëscht.