Poulet an der Konservendous
Persons
6
Prep Time
20 minutes
Cook Time
3 hours
Total Time
3 hours, 20 minutes
Notes
Tipp:
E flotte Menü. dee sech vum selwer kacht. Ideal wann ee laang Aktivitéiten huet: Et preparéiert een alles virun den Aktivitéiten a kann dono direkt ufänke mat iessen.
Ingredients
- 1 eidel 2,5-kg-Konservendous, bannendran net plastifizéiert
- 16 Eeërkuelen
- 1 Rouleau Sëlwerpabeier
- 1 drotene Bigel
- 1 ganze Poulet (max. 1,3 kg)
- Ueleg
- Salz, Peffer
- Paprika- oder Currypolver
- 2 Baguetten
Instructions
- D’Konservendous virbereeden:
- Ca. 1,5 cm iwwer dem Buedem vun der Dous 6 Lächer ronderëm an d’Dous picken, Duerchmiesser 5 mm.
- Um ieweschte Bord vun der Dous 2 Lächer picken a mam Drotbigel eng Héng bastelen, fir d’Dous kënnen opzehänken.
- D’Eeërkuelen an d’Dous leeën an ufänken.
- Wann d’Kuele bis ufänke wäiss ze ginn, kann een de Poulet dramaachen.
- Esou gëtt et gemaach:
- De Poulet bannen a baussen ënner fléissengem Waasser wäschen.
- De Poulet mat Ueleg areiwen.
- De Poulet bannen a bausse pefferen a salzen a mat Paprika- an/oder Currypolver wierzen.
- De Sëlwerpabeier duebel falen.
- De Poulet den héije Wee dropstellen, de Sëlwerpabeier ronderëmfalen, sou dass de Jus sech ënne sammelt an net kann erauslafen (ewéi eng Bonbon).
- De Poulet am Sëlwerpabeier an d’Konservendous op d’Kuele setzen an dofir suergen, dass tëscht dem Poulet an dem Bord vun der Konservendous e Loftsprung bleift, fir dass d’Hëtzt kann zirkuléieren.
- D’Konservendous mam Poulet ophänken an 2 1/2 bis 3 Stonne kache loossen.
- De Poulet am beschten aus dem Sëlwerpabeier eraus mat engem Stéck Baguette iessen.
- Opgepasst: Ënnert der Plaz vun der Konservendous an och ronderëm däerf kee brennbart Material sinn (Wiss, Blieder, Holz etc).