Fei Leit gin zu Fouss

   G
1. Fei Leit gin ze Fouss de Pak de fiirt am Automobile,
C                                  G
Wee keng Fotell huet de sëtzt sech grad sou gäer op d’Still,
                                H7              Em
wee ke Piano huet, de spillt um Mondstëck mat Gefill,
        Am         D       G
jo, dat kascht och nët sou vill.

     G                          C                      G
Ref: Gloria, gloria, halleluja. Gloria, gloria, halleluja.
                     D Em         Am         D       G
Gloria, gloria, halleluja. Jo dat kascht och nët sou vill.

2. Schëtt de Kaffi duerch eng Strëmp huel nëmmen ni eng frësch.
Lee déng Schmier op d’Bänk stell déng Schung schéin op den
Dësch.
Hues d’emol keen Esseg, da schëtt Framboise op d’Zalot.
Jo, sou huet de Chef gesot.

3. Jiddereen vun ons, deen huet séng Schung gutt ageschmiert.
Jidder Plaz am Zelt, gët mat der Zännbiischt ausgekiirt.
An dat bescht Geméis dat as e Bifdeck vun dräi Pond.
Jo dat hält de Kapp gesond.

4. A mir hun e Kach, dat as en aartleche Kadett.
Bal sin d’Grompre blann déi aner Kéier si se fett.
Bal as d’Mëlech sauer a bal as se ëm zou Brach.
An dat nennt sech eise Kach.

5. Wäissbrout bake mir nët an der Kachmaschine am Haus,
Lee den Deeg an d’Äschen, zéi e fréi genuch eraus.
hues de emol kee Miel da schëtt alt Persil an den Deeg.
Jo da gët de Mo der weech.