Notes
Tipp:
Als Bäilag: Wassermeloun-Kornischongszalot
Ingredients
- 1200 g grouss gro Scampien oder rise Crevetten
- Thai-Marinad
- dënn Holzspiissercher (frësch aus der Heck geschnidden)
Instructions
- D’Scampie schielen an entdaarmen.
- D’Scampie wäschen an ofdrëpse loossen.
- D’Scampien an d’Thai-Marinad leeën an 30-60 Min. zéie loossen.
- Vun Zäit zu Zäit ëmréieren.
- D’Scampien aus der Marinad huelen an op Spiissercher stiechen.
- D’Scampien op de Grill leeën (Alternativ geet et och an der Pan).
- Oppassen!! D’Scampie solle glaseg bleiwen, also net ze laang goe loossen, soss gi se zu Gummi.