Fësch op der Zitroun gegrillt
Persons
6
Prep Time
15 minutes
Cook Time
10 minutes
Total Time
25 minutes
Ingredients
- 800-1000 g Saumon oder Cabillaud
- frësche Rosamrin
- frësche Peffermanz
- faarwege Peffer
- rengt Salz
- 4 déck Zitrounen
Instructions
- De Fësch wäschen a mat Kichepabeier dréchen tuppen.
- De Fësch a ca. 8×5 cm grouss Stécker schneiden.
- An de Fësch säitlech eng Täsch schneiden.
- E Blat Peffermanz an e Stéck Rosmarin an d’Täsch stiechen.
- De Fësch vun 2 Säite salzen a pefferen.
- D’Zitrounen a ca. 6 mm déck Scheiwe schneiden.
- D’Zitrounescheiwen niefteneen op de Grill leeën.
- De Rescht Peffermanz a Rosmarin op d’Zitrounescheiwe leeën.
- De Fësch drop leeën an op den Zitroune grillen.
- Oppassen!! De Fësch soll glaseg bleiwen, also net ze laang goe loossen.