Notes
Tipp:
Maach d’Marinad an de Fësch/Fleesch an eng Gefréiertut (am beschte Zip-Lock, oder 6-Liter-Tut, do kann een e Knuet dra maachen). Esou gëtt dat keng Sauerrei am Frigo an et brauch ee manner Marinad ewéi an enger Schossel.
Ingredients
- 200 ml Sonneblummenueleg
- 2-3 TL Ingwer, gehaakt
- 1 Schalott, gehaakt
- 2 ZL Peffermanz, gehaakt
- 1 TL duusse Paprikapolver
- faarwege Peffer (no Goût)
- rengt Salz (et soll e bësse salzeg schmaachen)
- Jus vun 1 décker Zitroun (oder 2 klengen)
- de Rescht vun der Zitroun, a Scheiwe geschnidden
Instructions
- Alles matenee mëschen an 1-2 Stonnen zéie loossen.
- Vun Zäit zu Zäit réieren.