An engem klengen Duref

      C                                       F
1. An engem klengen Dueref, gouf Butschebuerg genannt..
                G                          C
do hate mir kee Lueref, d’Leit hun ons all erkannt.
                                       F
Mat Knëpplen an mat Benglen, si si ons nogewëscht.
                  G7                           C
Mir si geflun wèi d’Engelen, mam Instrument op d’Mëscht.

                                  G7
Ref: Hei t’as eng Freed, ewéi dat geet,

mir halen op der Gaass, mir man de Leit vill Spaass.
C                    G                             G7
D’Klarinett as ëmmer Prett, d’Leit laache sech eng Boss
                 C
mee t’as och nët ëmsoss.

2. As Kiirmes mol dorëmmer, da si mir fein eraus.
Mir man et wéi dei Lënster, a gi vun Haus zu Haus.
Mir sangen an mir päifen, a fänke kräfteg un,
da kommen aus alle Fënstren, d’Kachdëppen nogeflunn.

3. Mir hate wuel am Liewen, scho muenech schwiereg Fäll
A sollte mir mol stierwen da fléie mir jupps an d’Hell.
Mir fänken un ze blosen, dat hällt keen Däiwel aus.
Mir blose wéi klorosen, bis dass s’ons loossen eraus.

4. Da komme mir an den Himmel, wou d’Engelcher do sin.
Mir zéien un der Bimmel, a man eng glécklech Minn.
Wa mir e Liddche sangen, dat d’Mauren zidderen deet,
dann d’Engelcher déi sprangen, vu Gléck a lauter Freed.

5. Da kënnt den hellege Péitrus: "Ech mengt wann dir iech dréckt!
Dir maacht mir jo meng Engelen, Méng Engele ganz verréckt.
Do si mir ofgegaangen, do si mir ofgefall,
an ouni Zécken a Baangen no Diddléng an den Dall!