Notes
Tipp:
Fir ze zerwéieren mat engem groussen Läffel vun uewenduerch bis op den Fong fueren, fir dass ee vun all Schicht eppes kritt.
Ingredients
- 500 g Gehacktes
- 1/2 Heed Eisberg-Zalot
- 3 Tomaten
- 800 g Béchs Mäis
- 800 g Béchs Kidney-Bounen (Rout Bounen)
- 500 g Sauerram
- 200 g gerappte Kéis (am beschten Cheddar)
- 1 Putsch Bratzelen oder gedréchent Bratzelen
- Peffer
- Salz
- 1 Packung Chili-con-Carne-Fäerdeggewierz (Maggi oder Knorr)
- 2 Tuuten Tacos (Chipsen)
- Salsa-Zooss (optional – keng ze schaarf Zooss)
- Ueleg (fir ze broden)
Instructions
- D’Zalot wäschen a kleng schneiden.
- D’Tonate wäschen an a kleng Wierfele schneiden.
- De Mäis opmaachen an ofschëdden an ofwäschen.
- D’Bounen opmaachen an ofschëdden an ofwäschen.
- D’Sauerram opréieren a mat Peffer, Salz an der reng geschniddener Bratzel no Goût wiezen.
- D’Gehacktes mam Chili-Gewürz mëschen (eng packung fir 500 g Gehacktes).
- Den Ueleg an d’Pan maachen an d’Gehacktes ubroden ewéi fir eng Bolognese-Zooss.
- D’Zalot an eng Schossel maachen.
- D’Gehacktes iwwer d’Zalot verdeelen.
- E puer Sprëtzer Salsa-Zooss iwwer d’Gehacktes verdeelen.
- D’Tomaten driwwer schichten.
- De Mäis driwwer schichten.
- D’Bounen driwwer schichten.
- D’gewierzte Sauerram driwwer schichten.
- De gerappte Kéis driwwer verdeelen.
- D’Tacoen uewen dran dippen, de Rescht vun den Tacoen esou dobäi iessen.