Notes
Tipp:
Den Deeg fält zesummen, wann een ze vill Flëssegkeet huet oder wann den Deeg ze vill gemixt ginn ass.
Ingredients
- 125 g Botter
- 125 g Zocker
- 2 Eeër
- 250 g Miel
- 1/2 Pak Bakpolver
- 60 ml Mëllech (4 ZL)
Instructions
- Alles 30 Min. virdrun aus dem Frigo huelen.
- Den 1/2 Bakblech afetten a mat Bakpabeier eng kleng Mauer bauen.
- De Botter an den Zocker mam Mixer schaumeg schloen. D’Eeër dobäiginn. De Bakpolver a d’Miel vermëschen. D’Miel, de Bakpolver a d’Mëllech ofwiesselnd vermëschen. Den Deeg op de Bakblech verdeelen.
- Et kann een Uebst ewéi Äppel oder Quetschen einfach a Stécker drop verdeelen a liicht andrécken.
- Oder et mécht ee Botterstécker mat Zocker a Mandelsplitter drop oder Schockelasstécker oder Nutella – op wat ee Loscht huet oder wat am Frigo ass.
- Dat Ganzt bei 220 °C 20 Min. baken.