Ingredients
- 60 g Botter
- 60 g Miel
- 69 g Zocker
- 60 g Korinthen oder Schockela oder Nëss oder Ingwer oder …
- 1 Ee
Instructions
- De Botter liicht schaumeg réieren. Den Zocker an d’Ee dobäiginn. D’Miel driwwer siften a vermëschen. Zum Schluss d’Korinthen, d’Nëss oder … dobäiginn a vermëschen.
- Mat 2 Kaffisläffelcher kleng Kéipercher op de Bakpabeier op de Bakblech setzen a bei 175 °C Ëmloft ongeféier 10 Min. baken, bis se goldgiel sinn.