Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 4 Eeër
- 250 g Botter
- 250 g Zocker
- 300 g Miel
- 1 Pak Bakpolver
- 1 Pak Vanillzocker
- 125 ml Mëllech
- 125 g Schockela
Instructions
- De Botter aus dem frigo huelen, fir dass e mëll gett.
- D’Eeër trennen.
- D’Eewäiss zu Schnéi schloen.
- D’Eegiel mam Zocker a Vanillzocker schloen.
- Dono de mëlle Botter dobäimaachen a mixen.
- Dann d’Mëllech mam Rescht vermëschen.
- De Bakpolver mam Miel vermëschen a mam Deeg vermëschen. Zum Schluss de Schnéi virsiichteg ënnerhiewen.
- De Schockela schmëlzen.
- Den Deeg muss an 2 gläich grouss Portioune gedeelt ginn.
- Déi eng Halschent gëtt da mam Schockela vermëscht.
- Zum Schluss den Deeg an eng Form maachen. Oofwiesselnd wäissen a brongen Deeg an d’Form maachen.
- Dat Ganzt muss bei 175 °C gebak gi während 30-40 Min.
- Wann ee mat engem Knäipchen dra pickt a kee flëssgen Deeg méi drun hänke bleift, ass de Kuch gutt.