Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 500 g Miel
- 1 l Mëllech
- 6 Eeër
- 75 g Pudderzocker
- 2 ZL Ueleg
- eng Pouz Salz
- Ueleg fir an d’Pan
- Garnitur: Zocker, Nutella, kleng geschniddent Uebst (Äppel, Ananas, Äerdbier, Banannen…)
Instructions
- D’Eeër an enger Schossel mam Schnéibiesem oder Mixer klappen. Den Ueleg an d’Salz dobäimaachen. Dann no an no d’Miel a d’Mëllech dobäimaachen an déi ganzen Zäit réieren, fir dass keng Klompen entstinn. Zum Schluss de Pudderzocker an d’Schossel stiften an nach eng Kéier gutt mixen.
- Eng Pan mat e bëssen Ueleg waarm maachen an ongeféier eng kleng Zoppelouche voll Deeg an der Pan verdeelen. Wann de Paangech déi eng Säit gebak ass, kann e gedréint ginn.
- Zum Schluss kann de Paangech no Goût garnéiert ginn.