Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 1 Eegiel
- 1 TL Moschter
- 2 TL Zitrounejus oder Esseg
- 150 ml Ueleg
Instructions
- D’Eegiel, de Moschtert, den Zitrounejus an eng Schossel ginn, dat Ganzt matenee verréieren. Dann ganz lues a lues den Ueleg dobäiginn, esou dass et eng homogen Mass gëtt. Wann dat net de Fall ass, ass d’Zooss ëmgaangen.
- Dann kann een nach eng Kéier mat engem Eegiel ufänken an d’Zooss, déi ëmgaangen ass, erëm lues a lues dobäiginn.
- Dass d’Zooss ëmgeet, hänkt dacks mam Temperaturënnerscheed vum Ee a vum Ueleg zesummen, dofir mat Zäiten alles aus dem Frigo huelen.
- Wann der eng manner fetteg Mayonnaise wëllt maachen, da maacht aus dem Eewäiss Schnéi a maacht dat zum Schluss drënner. Esou kritt ee vill méei Zooss. Oppassen: Wéinst dem réien Eegiel net ze laang am Waarme stoe loossen!