Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 1 ZL schwaarze Peffer
- 100 ml Wäin, am beschte wäisse Wäin
- 600 ml bronge Fond oder 1-2 Küben
- 1 Dëppche Sauerram (250 g)
- 4 ZL Porto
Instructions
- Fir eng Zooss ze kréien, soll een d’Pan oder d’Dëppen, an deem d’Fleesch ugebroden ginn ass, benotzen.
- Nodeems d’Fleesch gutt ass, a Sëlwerpabeier awéckelen, dass et net kal gëtt. Dann d’Fett aus der Pan schëdden, de Rescht musse mir halen, dat gëtt e gudde Goût. Wann de Fong awer schwaarz a verbrannt ass, muss een en ewechgeheien, dat gëtt näischt méi.
- Mam Wäin de Fong vun der Pan opléisen op grousser Temperatur. Akache loossen, dann de Fond dobäiginn an deen och akache loossen. Zum Schluss d’Ram, de Porto a de Peffer dobäiginn. Och erëm akache loossen. Ofschmaache mat Salz. Et kann een och nach e bësse Péiterséileg kleng gehaakt dobäiginn.
- D’Zooss iwwer d’Fleesch schëdden an direkt zerwéieren. Wann et ze laang gedauert huet an d’Fleesch kal ginn ass, da kann een et och nach eng Kéier an d’Pan ginn.