Skip to content
Jump to recipe
Paella
Total Time
1 hour, 20 minutes
Ingredients
- 500 g Räis
- 6 Pouletshämmercher
- 1 Chorizo
- 300 g Lotte (Seefteufel TK
- 300 g Tëntefëschréng
- 6-12 Scampien
- 150 g Mullen
- 150 Vongole
- 300 g Ierbessen TK
- 1 Ënn
- 1 Zéiw Knuewelek
- 1 rout an 1 giel Paprika
- Salz, Peffer, Safram an oder gemëscht Paëllasgewierz
- Bouillon
- Olivenueleg
Instructions
- De Poulet wierzen a virbroden an de geschniddene Fësch, den Tëntefësch an d’Scampien eng Kéier ofkachen.
- De Knuewelek an d’Ënnen am Olivenueleg ubroden, dann déi kleng geschnidde Paprika an Chorizo dobäimaachen, de Räis dramaachen, e bësse broden an dann no an no de Bouillon dropschëdden, bis de Räis bal mëll ass. Dertëscht kommen d’Ierbessen dobäi. Alles gutt wierzen!
- Da kommen de Fësch, den Tëntefësch an d’Vongole dobäi, dann d’Pouletshämmercher, d’Scampien an d’Mulle schéin uewendrop. Sounal alles waarm ass, d’Paëlla zerwéieren.
- Et kann een och e Stéck Zitroun op de Kapp virgesinn.