De Räis am Salzwaasser esou kachen, wéi op der Packung uginn.
Beim Zitrounegras déi eischt Schuel erofhuelen, dann d’Staang ganz kleng haken.
D’Courgette wäschen, an der Mëtt duerchschneiden an an 1 cm grouss Wierfele schneiden. Déi rout Paprika wäschen an an zwee schneiden. D’Kären an dat Wäisst bannen eraushuelen, dann an 2 cm grouss Raute schneiden. D’Wuerzel wäschen an eemol duerchschneiden, dann a Sträife schneiden. Den Zelleri wäschen an an 1 cm grouss Wierfele schneiden.
D’Fleesch an 3 cm grouss Wierfele schneiden. D’Eeër an enger Schossel mat enger Forschett opschloen.
An engem Wok oder enger grousser Pan den Ueleg waarm maachen, d’Knuewelekszéiw an d’Zitrounegras 2 Min. broden. D’Geméis dobäiginn a bei mëttlerer Hëtzt 5 Min.
broden.
D’Geméis elo op de Rand drécken, d’Fleesch an d’Mëtt vum Wok ginn a 4 Min. ubroden. D’Fleesch wierze mam Currypolver, dann de Räis dobäginn. Da mat der Sojazooss an dem Peffer wierzen.
Zum Schluss Eeër 2 bis 3 Min. och mat ubroden, bis d’Eeër fest sinn. De gewäschene Koriander driwwerstreeën.