Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 2 cm Ingwer
- 3 Zéiwe Knuewelek
- 3 TL Curry
- 1/2 TL Chili
- 100 ml Waasser
- Ev. Kümmelsom, Koriandersom
- 4 ZL Mandelen, gemuer (Baksaaachen an der Epicerie)
- 2 Lorberblieder
- 2 Neelcheskäpp
- Ueleg
- 1 kg Poulet, am beschte Been an Stécker geschnidde vun 4 cm ouni Schanken
- 2 Ënnen
- 200 g griichesche Joghurt
- 200 g Gefligelfond
- 100 ml Ram
- 100 g Korinthen
- 1 TL Garam Masala (Gewierzrayon)
- 1 ZL Zocker
- Salz
- 50 g Mandelblieder, geréischert (Baksaachen an der Epicerie)
Instructions
- De kleng geschniddenen Ingwer, d’Zéiwe Knuewelek, de Curry an den Chili, d’Waasser an d’Mandelen esou laang mam Mixer kleng maachen, bis eng Paste entsteet. Wann ee Kümmelsom a Koriandersom huet, kann een deen och dobäimaachen.
- An engem Dëppen de Poulet op alle Säiten ubroden. Dann eraushuelen. D’Ënnen kleng schneiden an ubroden, d’Lorberblieder, d’Neelcheskäpp an eis Ingwer-Chilipaste vu virdrun dobäiginn. Soubal et eng brong Faarf kritt, de Joghurt, de Fond, d’Ram an d’Korinthen dobäiginn.
- Elo de Poulet an de Saaft, dee sech an der Schossel gebilt huet, an d’Dëppe ginn.
- Zum Schluss de Garam Masala, den Zocker an d’Salz dobäiginn.
- Zougedeckt 20 Min. bei niddreger Hëtzt kachen (liicht blubbere loossen).
- Iwwerdeems d’Mandelblieder an enger Pan réischteren an dropstreeën.
- Mat Räis oder Gromperen zerwéieren.
- Schmaacht nach besser, wann een et deen aneren Dag wiermt.