Skip to content
Jump to recipe
Ratatouille
Total Time
1 hour, 30 minutes
Ingredients
- 2 giel Paprika
- 2 rout Paprika
- 500 g Tomaten
- 250 g Ënnen
- 3 Zéiwe Knuewelek
- 250 g Courgette
- 250 g Aubergine
- 2 Straiss Rosmarin
- 4 Straiss Thymian
- 100 ml Olivenueleg
- Salz, Peffer
Instructions
- De Grill vum Uewen op 180 °C virhëtzen, déi 4 Paprika wäschen an an zwee schneiden. D’Kären an dat Wäisst bannen eraushuelen.
- Op e Blech leeën a fir 10 Min. grillen, mat der Haut no uewen. Déi kann och mol schwaarz ginn. Mir maachen dat, fir d’Schuel erofzekréien, déi ass schwéier ze verdauen; et muss een dovunner vill räpsen.
- D’Tomate wëlle mir och ouni Schuel, dofir soll een e Kräiz an d’Tomat ritzen. Dann d’Tomate fir 20 bis 30 Sekonnen a kachend Waasser tauchen. Dat nennt een blanchéieren. Direkt duerno mat äiskalem Waasser ofschrecken. D’Tomate schielen, a 4 schneiden an d’Käre bannen och eraushuelen.
- D’Ënnen an de Knuewelek schielen an a Scheiwe vu 5 mm schneiden. D’Courgette an d’Aubergine wäschen an a Wierfele vun 3 cm schneiden.
- De Rosmarin an den Thymian wäschen a kleng haken.
- D’Haut vun de Paprika schielen. A Wierfele vun 3 cm schneiden.
- Mat 30 ml Ueleg an enger Pan d’Courgetten ubroden, 4 bis 5 Min., salzen a pefferen, dann eraushuelen. Dat nämlecht mat den Auberginne maachen.
- An der Pan d’Ënne mam Knuewelek ubroden, 3 bis 5 Min., mam Rescht vum Ueleg.
- Duerno alles zesummen an d’Pan maachen an zougedeckt 15 Min. lues goe loossen.