Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- Fir den Deeg:
- 190 g Botter
- 2 Eeër
- 375 g Miel
- Salz
- 2-3 ZL Waasser
- Fir d’Fëllung:
- 150 g gerappten Emmentaler
- e bësse Botter
- 225 g Speck
- 3 Ënnen
- Fir d’Zooss:
- 3 Eeër
- 300 ml Ram
- Salz
Instructions
- D’Miel a Salz um Dësch mëschen. De Botter kleng schneiden a mam Miel a Salz vermëschen.
- An der Mëtt e Lach maachen, d’Eeër a d’Waasser dobäimaachen.
- Zu engem glaten Deeg knieden.
- De Speck an d’Ënne kleng schneiden an an de Pan ubroden.
- Den Deeg op enger bemielter Aarbechtsfläch ausrullen an an d’Taarteform leeën.
- De Speck, d’Ënnen an de Kéis dobäiginn.
- D’Ram, d’Eeër, d’Salz an de Peffer mat enger Forschett réieeren an iwwer d’Quiche schëdden.
- Bei 160-180 °C am Schäffchen 30 Min. backen.