Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 1 l Hénger- oder Geméisfond oder 2 Hénger- oder Geméisfondküben an 1 l waarmen Waasser opléisen
- 3 ZL Olivenueleg
- 1 grouss Ënn, geschielt a kleng gehaakt
- 2 Zéiwe Knuewelek, geschielt a kleng gehaakt
- 400 g Risottoräis
- 2 Wäiglieser wäisse Wäin (150 ml)
- 4 ZL Botter
- 120 g Parmesan
- 200 g Bëschchampignonen oder Champignons de Paris, gebotzt an e Wierfele vun 2 cm geschnidden
- 1 Zéif Knuewelek
- e Grapp Thymian
- 1 ZL Botter
- 1 Putsch Péiterséileg
- 1/2 Zitroun
- Dëll
Instructions
- An engem Dëppen 3 ZL Olivienueleg, d’Ënn an de Knuewelek undënsten, bis d’Ënne glaseg sinn, ongeféier 2 Min.
- De Räis dobäimaachen, ouni Waasser 2 Min. dënsten, bis de Räis och glaseg ass.
- Mat dem Wäin ofläschen, d.h. e Schotz Waasser oder Wäin an d’Dëppe ginn.
- Dann no an no de Fond op de Räis ginn. Dat dauert ongeféier 20 Min.
- Garnitur:
- Während deenen 20 Min. preparéiere mir d’Garniture: 1 ZL Botter, 1 Knuewelekszéif an den Thymian an enger Pan ubroden, d’Champignonen dobäiginn an 10 Min. lues brode loossen.
- Ganz zum Schluss den Zitrounejus bei d’Champignonen dobäiginn.
- Wann de Risottoräis mëll ass, vun der Kachplack huelen. 70 g Botter, 100 g Parmesan an den Péiterséileg drënnermëschen. Deckel dropsetzen an 2 Min. raschte loossen.
- Dëll ënner d’Champignongarnitur mëschen, e bësse Rescht hale fir op de Räis a mam Rescht vum Parmesan zerwéieren.