Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 700 g Gromperen, gerappt oder ganz kleng geschnidden
- 6 ganz Eeër
- 2 Pitsch Péiterséileg, reng gehaakt
- 4 Schalotten, kleng gehhaakt
- 4 ZL Miel
- Salz, Peffer
- 1/2 Liter Ueleg (fir an der Pan), net alles op eng Kéier, mee no an no
Instructions
- D’Grompere schielen a wäschen. D’Schalotte schielen a reng haaken, grad wéi de Péiterséileg.
- Déi réi Grompere rappen, an enger Kichemaschinn oder mat enger Rapp vun Hand, mat Sakz a Peffer wierzen a mat den Eeër, dem Miel , de gehaakte Schalotten an dem Péiterséileg vermëschen.
- Doraus Gromperekichelcher formen a se an enger Pan mam Ueleg ausbaken.
- Dat heescht: Eng Louche (0,2 l)
- Gromperendeeg an d’Pan maachen a vun 2 Säiten ubroden, bis se goldeg sinn.
- Mat Äppelkompott oder Geméiszopp zerwéieren.