Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 120 g Ënnen
- 2 ZL Olivenueleg
- 1 1/2 ZL Tandoori-Mëschung
- 300 g Lënsen aus de Dous ouni Flëssegkeet
- 240 g Pois chiches (Kicherierbsen) aus de Dous
- 1 ZL Ingwer, gerappt
- 2 kleng Eeër
- 1 ZL Koriander
- 110 Panéiermiel
- 75 g Miel
- 6 ZL Olivenueleg
- 6 Bréidercher
- 3 Tomaten
- E puer Blieder Zalot
- Fir d’Zooss:
- 3 ZL Sauerram
- 1 kleng Zéif Knuewelek
- 1 TL Zitrounejus
- Salz
- Peffer
- Bratzele
Instructions
- D’Ënnen a kleng Wierfele schneiden a mat Ueleg an der Pan ubroden.
- D’Tandoori-Mëschung dobäiginn an e bëssen zéie loossen. Dat Ganzt kal gi loossen.
- De Péiteréileg an de Koriander wäschen a kleng schneiden.
- D’Kicherierbsen, d’Halschent vun de Lënsen, den Ingwer, d’Eeër an déi ugebroden Ënnen am Mixer kleng maachen.
- De Rescht vun de Lënsen, de Péiterséileg, de Koriander an d’Panéiermiel mat dem Gemixte mëschen.
- Dat Ganut a 6 gläich grouss Portiounen andeelen an doraus Burger formen.
- D’Tomate wäschen an a Scheiwe schneiden.
- D’Zalot wäschen.
- D’Burger am Miel dréinen.
- Ueleg an der Pan waarm maachen an dann d’Burger vun all Säit 4-5 Min. broden.
- Zum Schluss d’Zooss op d’Bréitche maachen, de Burger dropleeën, dann e Rondel Tomat an e Blat Zalot an zum Schluss den Deckel vum Bréitchen.
- Fir d’Zooss de Knuewelek ganz kleng schneiden oder pressen. D’Bratzele wäschen a kleng schneiden.
- Alles mëschen a mat Peffer a Salz wierzen.