Bouchée à la Reine (Paschtéitchen)
Persons
6
Prep Time
20 minutes
Cook Time
1 hour
Total Time
1 hour, 20 minutes
Ingredients
- 1 Zoppenhung oder Poulet oder 600 g Pouletsbroscht
- 1 deck Ënn
- 200 g Champignonen
- 50 g Miel
- 50 g Botter
- 100 ml Héngerbritt
- ev. 100 ml wäisse Wäin
- 250 ml Ram
- Salz, Peffer
- Muskotnoss
- Péiterséileg an e puer Frühlingszwiebeln oder Bratzelen
- 1 Paschtéitchen
Instructions
- De Poulet mat Zoppengeméis oder am fäerdege Bouillon kachen an dono an 2 cm grouss Stécker schneiden.
- D’Champignone botzen an a Scheiwe schneiden.
- Fir d’Zooss de Botter schmëlzen, d’Ënn kuerz ubroden, bis se glaseg ass, an d’Miel draréieren.
- Lues a lues d’Britt mam Schnéibiesem ënnerréieren.
- Duerno ev. de wäisse Wäin draschëdden an zum Schluss d’Ram.
- Da kommen d’Champignonen dran, mat Salz, Peffer a Muskotnoss wierzen an zum Schluss e bësse Péiterséileg a Frühlingszwiebeln oder Bratzelen drasteeën.