Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- 900 g Schwéngefleesch
- 1 Ënn
- 250 g Champignonen (frësch)
- 1/4 l Fleeschbritt
- 1/4 l Ram
- Curry
- Salz, Peffer
- 3 ZL Ueleg fir unzebroden
Instructions
- D’Fleesch an dënn Sträife schneiden an net ze fest ubroden. Dréinen, bis et op alle Säite liicht brong ass.
- D’Ënn schielen a reng schneiden. D’Champignonen ofreiwen an a Véirel zerschneiden.
- Alles an d’Pan bei d’Fleesch ginn a kuerz dënste loossen.
- Mat der Britt alles ofläschen a wierzen.
- Virum Zerwéieren nach d’Ram aréieren, fir d’Zooss ze verfeineren.