Skip to content
Jump to recipe
Ingredients
- Fir d’Fleeschzooss:
- 1 Ënn
- Ueleg
- 500 g Gehacktes
- 500 g passéiert Tomaten
- Salz, Peffer
- e bësse Pizzagewierz
- Fakultativ: Champignonen
- Fir d’Kéiszooss:
- 2 ZL Botter
- 2 ZL Miel
- 1/2 l Mëllech
- 50 g gerappten Emmentaler
- Salz
- +/- 250 g Lasagne
- 200 g gerappten Emmentaler
Instructions
- D’Ënn kleng schneiden
- Den Ueleg waarm maachen an der Pan an d’Ënn dran undënsten (net broden an net schwaarz ginn loossen).
- D’Gehacktes dobäimaachen, gutt an der Pan ubroden.
- D’Tomaten dobäimachen, wierzen a lues kache loossen.
- De Botter an der Kasseroll schmëlzen.
- D’Miel dobäimaachen, réieren an e Roux maachen (Mehlschwitze).
- D’Mëllech lues dobäiginn a vill réieren.
- De gerappten Emmenatler dobäimaachen a schmëlze loossen.
- E bësse Salz dobäiginn a schmaachen.
- Nowierzen, falls néideg.
- An eng feierfest Schossel oofwiesselnd
- 1) Fleeschzoos, driwwer
- 2) Lasagnenuddelen, driwwer
- 3) Kéiszooss machen,
- 4) bis d’Schossel voll ass.
- Zum Schluss 200 g gerappten Emmentaler driwwermaachen a bei 180 °C ongeféier 30 Min an de Schäffche stellen.